Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Clairo - Add Up My Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Musekspräisser: “Musek a Leit kann een net trennen”

Lëtzebuerger Musekspräisser an der Philharmonie

Lëtzebuerger Musekspräisser: “Musek a Leit kann een net trennen”

Gëschter Owend goufen an der Philharmonie op Initiativ vum Kulturministère d'Lëtzebuerger Musekspräisser verginn. De Jury huet de Präis fir d'Liewenswierk dem Komponist, Posaunist, Tenor an Dirigent Camille Kerger decernéiert. Hien huet iwwer Joerzéngten déi Lëtzebuerger Museks- a Kulturlandschaft gepräägt.

auto_stories

2 min

Ënner Anerem als Member vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek, als Leeder vu verschidden Ensembelen, als Grënnungsmember a musikaleschen Direkter vum Théâtre National an als Direkter vum Institut Européen de Chant Choral INECC. 

Joerzéngten Engagement fir de Gesang an déi Nei Musek

A senger Reaktioun op d'Auszeechnung huet de Camille Kerger d'Wichtegkeet vun de Begéinunge fir d'Musek ervirgehuewen a bemierkt, datt et fir d’éischt wier, datt hie wierklech eemol zeréckgekuckt hätt, op alles, wat zanter dem Ufank vu senger Karriär geschitt wier. 

Lauschterenplay_arrow

An der éischter Episod vum opus-100,7-Podcast Hanner den Téin, huet sech de Pit Brosius och mam Camille Kerger getraff.

Vu Bach bis Rock

An der Kategorie "musiques amplifiées" gouf déi international erfollegräich Indie-Rock-Band Francis of Delirium ausgezeechent, déi dëst Joer eng US-Tournée absolvéiere konnt.

Lauschterenplay_arrow

An der Kategorie Jazz de Multi-Instrumentalist Pol Belardi; an an der Klassik de Pianist Tristano Schlimé. 

Musek als Beruff an als gesellschaftlechen Zement

Als jonkt Talent gouf deen 20-järegen Jazztrompettist Daniel Migliosi ervirgehuewen, d'Luuchtendesignerin Nina Schaeffer an der Kategorie "Hannert der Bün" a bei de Fräizäitmuseker war et den Ensembel Hunnegstrëpp.