Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UGDA sicht no Benevoller fir d'Veräinscomitéen

Veräinsliewen

UGDA sicht no Benevoller fir d'Veräinscomitéen

D'UGDA, d'Union Grand-Duc Adolphe, ass mat hiren 266 Museks-, Gesangs-, Theater-, Danz- a Folklore-Veräiner ee groussen Acteur aus dem kulturelle Liewen. Mee och d'UGDA gëtt ëmmer méi mat engem Manktem u Benevoller konfrontéiert.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

UGDA Kongress | © Carole Schimmer play_arrow
UGDA Kongress (Foto: Carole Schimmer)

Ëmmer manner Mënschen engagéieren sech éierenamtlech. Dat kritt och d’UGDA, d’Union Grand-Duc Adolphe, ze spieren. 266 Museksveräiner an d’Museksschoul sinn Deel vun der UGDA. Bal 13.000 Memberen engagéieren sech a Museken a Chorallen, mee och a Folklore-Danz an Theater Veräiner.

D’Benevolle feelen an de Veräiner, mee virun allem och Leit, déi bereet sinn, sech laangfristeg an engem Verwaltungsrot ze engagéieren. D’Zuel vun de Memberveräiner an der UGDA geet liicht zeréck. Am meeschten hu Chorallen Problemer, fir nei Sänger a Sängerinnen ze fannen.

DLeit wëlle manner Responsabilitéit iwwerhuelen

Markant ass, datt d’Museksschoul vun der UGDA uechtert d’Land ëmmer méi Schüler huet, mee et sinn ëmmer manner Jonker, déi an d’Veräiner ginn, betount den André Heinen, President vun der UGDA. Ee vun de groussen Defien, an dat gëllt net eleng fir d’UGDA, ass de laangfristege Benevolat. Et géif ee Fräiwëlleger fanne fir Kuerzzäit-Projeten, mee net fir d’Féierung vun engem Veräin, erkläert den André Heinen.

D’Pandemie hätt op d’Veräinsliewen ee groussen Impakt gehat.

"D'Leit hu bis eemol erausfonnt, dass et och doheem schéin ass. Dat eemol d'Woch an hir Veräiner goen, do sinn der ganz vill op der Streck bliwwen, an allen Altersschichten. An nach e Phenomen, deen ass, d'Jugend mécht all Joer eppes aneschters."

D’Bouneweger Musek kämpft mat dem nämmlechte Problem. Aus deem Grond hu si virun zwee Joer eng Etüd an Optrag ginn iwwer d’Motivatioune vun hire Memberen. Eng vun de Conclusioune war déi, datt d’Leit méi Diversitéit wëllen, erkläert de fréiere President vun der Bouneweger Musek, de Marc Mertz.

"Do koum eraus, datt d'Leit gäre kommen an net nëmme fir Musek ze maachen, mee och datt dat soziaalt Liewe ganz wichteg ass an och emol solle Saache gemaach ginn ausserhalb vun der Musek. Datt d'Leit bereet sinn, fir ze hëllefen, awer net onbedéngt méi bereet sinn, fir an de Kommitee ze kommen."

Et géif elo drëms goen, sech am Veräin zesummenzesetzen an ze kucken, ob et net méiglech ass engersäits de Comité ze besetzen, an op där anerer Säit awer de Läit ze erméiglechen, just u Projeten ze schaffen, ouni am Comité ze sinn, mengt de Marc Mertz.

Neit ASBL-Gesetz suergt fir Problemer

Ee vun de Problemer, wann et ëm de Benevolat geet, wier awer och dat neit Gesetz iwwer ASBLen. Dat wier fir d’Veräiner ganz schwéierfälleg, erkläert de Marc Thill, Generalsekretär vun der UGDA. Veräiner, déi gréisser Evenementer organiséieren, ouni vill Gewënn dermat ze maachen, missten elo duerch dat neit Gesetz eng duebel Comptabilitéit féieren, déi iwwerpréift misst ginn, wat zu héije Käschte fir d’Veräiner féiert.

"Et ass zwar sënnvoll, firwat dat Gesetz gemaach ginn ass. Op där anerer Säit huet et de Veräiner mat der Revisioun vun de Statuten, mat der neier Kontabilitéit, déi fir verschidde Veräiner a verschiddener Gréisst awer vill méi schwéierfälleg ginn ass, an och e ganze Koup Aarbecht an nei Organisatioun ofverlaangt."

Ministère gëtt Etüd an Optrag

A punkto Réckgang vun de Memberen an dem Manktem u Benevoller huet de Kulturminister um Kongress vun der UGDA preziséiert, datt eng Etüd am gaangen ass realiséiert ze ginn, iwwer d’Situatioun bei de Chorallen, fir ze verstoen, wisou et bei deene Veräiner ee staarke Réckgang gëtt, esou den Eric Thill.

"Et ass esou, dass mir do amgaange sinn, wat de Volet vun de Chorallen ugeet, en État des lieux ze maachen. Dat ënner der Leedung mat eis zesumme, mam Kulturministère, mam Institut européen du Champ chorale, fir eebe genau ze wëssen, wou de Schung dréckt. Dat ass ee Phenomeen, wou een ëmmer erëm gesot kritt, 'Mir fanne keng Leit, fir an d'Chorallen ze goen. Mee wat ass konkreet de Problem? Wat ass den Defi? Wéi kënne mer de Problem zesummen ugoen?"

Eng änlech Etüd wier och fir d’Museke geplangt, esou de Kulturminister.

Lauschterenplay_arrow