Schonn am Februar zejoert huet de Verwaltungsrot vum MUDAM der Direktesch Bettina Steinbrügge e formelle Bréif geschéckt. De Verwaltungsrot gëtt do eng Partie Virschléi fir den Dialog an d’Aarbechtsklima bannent der Ekipp ze verbesseren. Beispillsweis sollt ee fir all Reunioun vun der Managementsekipp ee festen Ordre du Jour aféieren.
Weider sollt een och ee klore Follow-Up vun den Decisioune maachen. De Verwaltungsrot huet allgemeng d’lescht Joer scho Problemer identifizéiert, déi spéider och vun der Berodungsfirma Qualia festgestallt goufen. Qualia hat festgestallt, datt d’Generaldirektioun net méi gëeent wier, fir kënnen eng gesond Autoritéit auszeüben. An de Conclusioune vum Rapport, déi de Verwaltungsrot am Januar 2025 virgeluecht krut, schwätzt een och dovun datt et kee formelle Raum géif ginn, fir en oppenen Dialog.
Onkloer Rollen a Problemer bei der Gouvernance vum Musée
Datt déi verschidde Rollen an der Gouvernance vum Musée net kloer genuch sinn, stelle souwuel de Patrick Majerus wéi och Qualia an hire respektiven Dokumenter fest. An enger Reunioun mam Management Team vum Mäerz 2024, seet de Patrick Majerus, de speaking points no, datt et essentiel wier d’Rollen a Responsabilitéite kloer ze definéieren an ze respektéieren.
Déi verschidden Hierarchië géifen ëmgaange ginn, huet Qualia festgestallt.
Maile weisen op Tensiounen hin
E Beispill fir d’Ëmgoe vun deenen Hierarchië fënnt een am Patrick Majerus sengem Dokument kloer erëm: Eng Partie Mailen tëschent der Direktesch Bettina Steinbrügge an engem Member vun der Ekipp weisen, datt onkloer Instruktiounen och schonn zu Tensioune gefouert hunn. Am Kader vun enger Kollaboratioun mat enger Zeitung, geheit d’Direktesch hirer Mataarbechterin vir si net richteg informéiert ze hunn iwwer d’Modalitéiten.
Déi Kollaboratioun war awer ënner der Verantwortung vun der Kommunikatiounsekipp. D’Mataarbechterin hätt, wéi de Patrick Majerus an engem Mail un de Management an déi concernéiert Mataarbechterin schreift, den Optrag vun der Kommunikatioun just exekutéiert. Onkloer Rollen a Responsabilitéiten haten hei deementspriechend en Effekt och op de Fonctionnement vum Musée. Qualia proposéiert d’Rollen ze iwwerschaffen an ze verfestegen.
DP-Kulturminister verweist op Verwaltungsrot
Datt déi verschidden Aspekter en Afloss op d’Wuelbefanne vum Personal hunn, bestätegt sech esou wuel am Dokument vum fréiere MUDAM-President wéi am Qualia-Rapport. Béid Parteie si sech an hiren Dokumenter eens: am Musée musse grondleeënd Ännerunge gemaach ginn.
De Patrick Majerus huet am Januar 2025 als President demissionéiert. A sengem Demissiounsbréif seet hien, datt hie méi wéi eng Kéier falsch beschëllegt gi wier. Zënterhier gëtt et eng ëffentlech Diskussioun iwwer d’Tensiounen an d’Gouvernance am MUDAM. Och d’Chamber huet sech scho puer mol mat der Situatioun ausernee gesat. Den DP-Kulturminister Eric Thill sot rezent, et wier um Verwaltungsrot fir d’Situatioun ze klären.