Radioen

On air

Notturno  |  Circle City Band - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vott an der Bettenduerfer Gemeng net konform mam Gesetz

Nordstad-Fusioun

Vott an der Bettenduerfer Gemeng net konform mam Gesetz

De Bettenduerfer Gemengerot hätt net däerfe geheim driwwer ofstëmmen, ob d’Gemeng sech aus de Gespréicher iwwer eng Nordstad-Fusioun erauszéie soll oder net. Dat krut de radio 100,7 aus dem Inneministère confirméiert.

auto_stories

1 min

Genee dat huet dee Conseil awer e Mëttwoch gemaach, wéi e sech an engem geheime Vott majoritär géint eng Suite vun de Verhandlungen ausgeschwat hat. De Vote secret wier awer nëmmen an deene Fäll méiglech, déi och am Gesetz virgesi sinn: Nämlech bei verschiddenen Deliberatiounen iwwert d’Gemengepersonal an aneren Deliberatiounen, déi sech op Persoune bezéien, preziséiert den Inneministère.

Aus der Gemeng ass zënter där Ofstëmmung keng Reaktioun ze kréien. Den Inneminister Léon Gloden sot eis op Nofro hin, hie wéilt am Moment nach näischt dozou soen, well hien d’Deliberatioun vum Gemengerot nach net gesinn hätt.