Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zefriddenheets-Etüd an der Gemeng Conter suergt fir Verwonnerung beim OGBL

Schlecht Aarbechtsklima?

Zefriddenheets-Etüd an der Gemeng Conter suergt fir Verwonnerung beim OGBL

Déi Conter Oppositioun, grad wéi den OGBL, bleiwe weiderhi kritesch wat d’Aarbechtsklima op der Conter Gemeng ugeet. Enger Etüd no solle ronn 83 Prozent vum Personal frou op hirer Aarbechtsplaz sinn. Den OGBL kann deenen Zuelen awer net gleewen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Commune de Contern

Gëschter um Mëttwoch gouf am Gemengerot doriwwer diskutéiert, nodeems Problemer bei der Personalgestioun ëffentlech gi waren.

Hannergrond waren zwou Demissiounen op der Gemeng dëst Joer am Juni. D’Oppositioun hat sech mat engem Froekatalog un de Schäfferot geriicht, deen och an de soziale Medie publizéiert ginn ass. Kloer Äntwerten dorop hätt een allerdéngs gëschter net kritt, kritiséieren d‘Oppositioun an den OGBL.

Extern Firma gouf beoptraagt

Et wier een net zefridde mat deem, wat gëschter an der Gemengerotssëtzung gesot gi wier, seet den Ari Arrensdorff vun déi gréng op eis Nofro hin.

"Dat ware bësse kryptesch Äntwerten, déi an enger virgefaasster Ried zesummegefaasst goufen. Dat heescht, mir mussen eis d’Äntwerten elo och nach selwer aus där Ried do eraus distilléieren."

Aktuell géing een nach d‘Resultater aus enger Etüd ofwaarden, déi de Schäfferot bei enger externer Firma an Optrag ginn huet, nodeems dëst Joer am Juni zwou Persounen demissionéiert haten, erkläert d’CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet.

OGBL: "Wéi kommen déi op 83 Prozent?"

Éischt Resultater aus där Etüd géingen awer scho virleien. Deemno hätte ronn 83 Prozent vum Personal uginn, si géinge gären oder esouguer ganz gäre schaffe kommen.

"An ech mengen, dass dat schonn eng Ausso ass, déi a mengen Aen dat widderleet am Fong, déi katastrophal Situatioun, wéi se dann ebe beschriwwe ginn ass iwwerall."

Dat gesäit den Alain Rolling vum OGBL anescht.

"Mir hu ganz vill Temoignagë vun iwwerall. Mir wësse ganz gutt, wat an der Gemeng Conter leeft. An do froe mir wierklech, wéi de Schäfferot do op déi 83 Prozent soll kommen."

An de leschte fënnef Joer hätte 14 Persounen d’Gemeng Conter fräiwëlleg oder onfräiwëlleg verlooss, preziséiert den Ari Arrensdorf vun déi gréng. Dovunner 10 aus der Administratioun. Aktuell zielt d‘Gemeng Conter 55 Mataarbechterinnen a Mataarbechter.

Déi definitiv Resultater aus der Etüd ginn de 16. Oktober an enger Gemengerotssëtzung presentéiert. Dat awer am Huis Clos. Et wéilt een d’Personal net op der Place publique presentéieren, begrënnt d ‘Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet dës Decisioun. 

Lauschternplay_arrow

Aktualitéit
National