Radioen

On air

Popfilter  |  Nadia Reid - Changed Unchained

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rentrée parlemenaire: Parlament soll méi an den Zentrum vun der Lëtzebuerger Politik réckelen

Chamber

Rentrée parlemenaire: Parlament soll méi an den Zentrum vun der Lëtzebuerger Politik réckelen

De Claude Wiseler wëll d‘Parlament méi an den Zentrum vun der Lëtzebuerger Politik stellen. Dat huet de Chamberspresident um Freidegmoien op der Rentrée parlamentaire virun der Press annoncéiert. D‘Chamber soll fir d’Bierger a Biergerinnen dobausse méi zougänglech  gemaach ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Chambre des Deputés play_arrow
Foto: Chambre des Deputés

Beispillsweis soll de Rez-de-chaussée vun der sougenannter “Maison Gilly” um Krautmaart als Visiteurszenter fir Bierger a Biergerinnen ëmgebaut ginn. Weider huet de Chamberspresident och de Bilan gezunn iwwer déi bestoend Instrumenter vun der Biergerbedeelegung.

Bilan vun der Biergerbedeelegung

Ee Moyen vun der Biergerbedeelegung sinn d'Petitiounen, an dat Instrument géif vill genotzt ginn, sou de Claude Wiseler. An der leschter Legislaturperiod sinn am ganze 419 Petitiounen an der Chamber agereecht ginn. Dat sinn der 1,27 pro Dag an der Moyenne, rechent de Chamberspresident Claude Wiseler.

"Dat ass also, als Conclusioun, dat ass vill. Dat ass also e Moyen, deen dobausse gegraff huet, dee bei de Leit Interesse fonnt huet, an op dee se och zeréckgräifen, wa se onzefridden sinn, wa se eppes ze soen hunn, a wa se eppes um Häerz hunn, wat et wichteg ass, der Chamber matzedeelen."

E weidert Instrument, wat de Bierger an de Biergerinnen denge soll, hiert Uleies mat der Chamber ze deelen, sinn déi sougenannte PML, also e Virschlag fir d'Gesetzgebung ze änneren. Dëst Instrument gëtt et zanter Juni zejoert, mee bis ewell ass et nach ni genotzt ginn, esou de Claude Wiseler.

"Et ass och méi schwéier ze gebrauchen. Du muss d'Texter selwer schreiwen. Du brauchs och méi Ënnerschrëften. Mee de Fait ass, mir kruten nach kenger agereecht."

Gemëschte Bilan bei de Liveiwwerdroungen

Weider gouf och de Bilan iwwert d'Liveiwwerdrounge vu Chamberssëtzunge gezunn. Zanter Abrëll zejoert gi fënnef Chamberskommissiounen ëffentlech iwwerdroen:Landwirtschaft, Logement, Ëmwelt, Bildung a Medien. De Livestreaming selwer géif net esou dacks genotzt ginn. Ënner honnert Mol an der Reegel, mee déi Sëtzunge géifen och archivéiert ginn, an d'Leit kéinte se am Replay kucken. An do zitt de Claude Wiseler en anere Bilan.

"A mir mierke relativ kloer, datt de Replay wesentlech méi gebraucht gëtt, wéi d'Live-kucken. An haaptsächlech de Replay vun deene Kommissiounen, wou Dir dann an der Press beriicht, datt eppes lass war. Do gesi mir, datt an Zuelen alt sechshonnert, siwenhonnert Leit dat dann oflauschteren, ofkucken."

Elo misst awer nach e Bilan gezu ginn, wéi dee Pilotprojet vum Liveiwwerdroe bei den Deputéierten a bei de Leit dobaussen ukomm ass, esou de Claude Wiseler.

Et bleift also ofzewaarden, a wéi enger Form d'Iwwerdroe vun de Chamberskommissioune weidergefouert gëtt.

Neie Kalenner fir d'Chamber-Plenière

Vun Oktober u wäert d’Chamber-Plenière dann och regulär moies zesummekommen. Dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler um Freidegmoien op der Rentrées-Pressekonferenz vum Parlament annoncéiert.

Bis elo sinn déi 60 Deputéiert just ausnamsweis och moies zesummekomm. Eng weider Neierung besteet doran, datt an de Woche wou Plenière ass keng Chamber-Kommissioune méi sollen zesummekommen. Déi Ännerung wäert elo an der éischter Sëtzung iwwernächsten Dënschdeg gestëmmt ginn, deen Dag wou och den Ierfgroussherzog Guillaume als Lieutenant-représentant assermentéiert gëtt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft