Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Poopsvisitt ass ouni gréisser Tëschefäll verlaf

CGDIS, Police a Service de Circulation

Poopsvisitt ass ouni gréisser Tëschefäll verlaf

E positive Bilan vun der Poopstvisitt zéien d'Police, d'Rettungsdéngschter vum CGDIS an de Verkéiersservice vun der Stad Lëtzebuerg. Si hate sech méintelaang op dat grousst Evenement virbereet an en deementspriechend ganz héije Sécherheetsdispositif agesat. Um Enn ass alles gutt verlaf, an et gouf keng gréisser Tëschefäll.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: MGD / Kary Barthelmey

Et ware manner Leit fir d'Visitt um Poopst an d'Stad komm, wéi erwaart gouf, esou de Bob Leesch, Direkter vun den Operatioune bei der Police. D'Aschätzung vu Police a CGDIS ass, datt ronn 5.000 Leit an der Stad waren.

Eng 800 Polizisten a Polizistinne goufe just fir d'Poopstvisitt agesat. Dorënner 10 bis 12 Spezialisten aus der Belsch. Een Tëschefall gouf et, wéi de Papamobile de Pont Adolphe erofgefuer ass. Dräi Aktivistinne vun der Déiereschutzorganisatioun PETA si mat Pancarte virun dem Poopst säi Gefier gelaf. D'Police hätt mat esou Tëschefäll gerechent, an d'Situatioun séier an de Grëff kritt. Well déi dräi Aktivistinnen den Ordre Public gestéiert haten, wiere si "enger Détention administrative ënnerzu ginn". Dat hätt nëmmen e puer Stonne gedauert, bis d'Gefor eriwwer war, esou de Bob Leesch.

kleng Interventioune vum CGDIS

Och beim CGDIS zitt de Paul Hack, wéi hie seet, e ganz positive Bilan. D'Poopstvisitt wier ganz roueg verlaf, et goufen 9 méi kleng Interventiounen, wou Persoune liicht blesséiert gi sinn. Zwou dovun hu missten an d'Klinik bruecht ginn. Och de CGDIS hat fir d'Poopstvisitt aussergewéinlech Mesurë geholl.

"Mir haten och spezial Gruppe prett stoe mat extra Material vum NRBC, also wat nuklear oder biologesch a cheemesch Substanzen ubelaangt.“

Do hätt een och Prouwen aus der Loft geholl, erkläert de Paul Hack.

Vum Trafic hier wier d‘Poopstvisitt och ganz gutt verlaf, seet de Laurent Vanetti, Chef vum Stater Service de Circulatioun. D'Uewerstad war fir Autoen zou, mee d'Leit konnten d'Stater Busser, a virun allem den Tram huelen.

E positive Bilan also vu Police, CGDIS am dem Circulatiouns-Service vun der Stad, déi frou an zefridde waren, datt dës Poopstvisitt, trotz dem ville Reen, ouni gréisser Tëschefäll konnt oflafen.

  Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National