arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vigilance jaune an der franséischer Haaptstad

Bis zu 36 Grad

|
reading time

1 min

Vigilance jaune an der franséischer Haaptstad

Déi aktuell Hëtztwell a Frankräich wäert haut och nees d'Olympesch Spiller zu Paräis erreechen.

reading time

1 min

Thermometer Héich Temperaturen | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach
Thermometer Héich Temperaturen (Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

Metéo-France mellt haut bis zu 36 Grad an der franséischer Haaptstad an der Regioun Paräis. Do gëllt eng Vigilance jaune - dat ass den Niveau zwee vun de véier Warnstufen. Bis elo goufe keng Olympesch Kompetitiounen ofgesot. 

Am Süde vu Frankräich war den Thermometer gëschter um Méindeg plazeweis bis op 40 Grad geklommen. An 41 Departementer gëllt déi zweethéchst Warnstuf Orange.