arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serge Wilmes: "Lëtzebuerg geet als Deel vun der EU op d’COP30"

COP30 zu Belém a Brasilien

|
headphones

3 min

Serge Wilmes: "Lëtzebuerg geet als Deel vun der EU op d’COP30"

Am Virfeld vun der COP30 a Brasilien gouf an der Chamber iwwer déi Lëtzebuerger Positioun diskutéiert. Vum 10. bis den 21. November ass zu Belém d’UN-Klimakonferenz.

headphones

3 min

COP29 | © picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka
COP29 (Foto: picture alliance / NurPhoto | Dominika Zarzycka)

An der Chamber war dozou de Moien eng Aktualitéitsstonn, ugefrot vun déi Lénk. Fir den Deputéierten David Wagner wier et en "onglécklechen Zoufall", datt et um Dag nom uergen Hurrikan op Jamaika zu dëser Heure d’actualité kënnt. Et wieren awer wuel nach méi schlëmm Orkaner en vue, ënner anerem well et 2024 en negative Rekord beim CO2-Ausstouss gouf, an ee bei der Äerderhëtzung a Richtung vu plus 2,5 bis plus 3 Grad géif goen.

Schaarf Kritik vum David Wagner

Op sou Klimakonferenzen an duerno géif virun allem waarm Loft produzéiert ginn, esou den David Wagner. Och fir d’COP30 a Brasilien géif et elo nees Hoffnunge ginn, mee och Anti-Klima-Tendenzen, huet den Deputéierte vun déi Lénk erkläert. Fir d’EU wier Klimapolitik “just e Klotz um Been”. D’Lëtzebuerger Regierung géif sech doran areien.

“De Premier Luc Frieden ass bal schonn als Précurseur ze gesinn, mat senger bal dräi Joer aler Ausso, dass Klimapolitik nervt. Frot d'Leit an Jamaika, ob d'Klimapolitik nervt.”

Heiheem wieren d’Klimaziler a Fro gestallt ginn, esou den David Wagner, fir deen den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes maache géif, wéi wann de Grand-Duché fir eng ambitiéis Klimapolitik stéing.

320 Milliounen Euro dofir bis 2028 wieren awer keng grouss Ambitioun, an dee Montant misst no uewen ugepasst ginn, huet de Vertrieder vun déi Lénk verlaangt. De Klimawandel wier déi gréisst Menace fir d’Mënschheet, an et wier brandgeféierlech, datt dee keng Prioritéit méi wier.

COP30: Lëtzebuerg ouni eege Positioun

Fir den Ëmweltminister Serge Wilmes kënnt et - 10 Joer nom Paräisser Klima-Accord - zur UNO-Konferenz zu Belém. Wéi geet Lëtzebuerg dohin, huet den CSV-Politiker gefrot a sech selwer d’Äntwert drop ginn.

“Lëtzebuerg geet net als Land mat enger eegener Positioun dohin. Mir ginn dohin als Deel vun der EU, et ass d'EU, déi do hir Memberstate vertrëtt, et ass d'EU, déi do d’Verhandlunge féiert.”

Et kéint een d’Europäesch Unioun kritiséieren, mee déi hätt 2019 e “Green deal” op de Wee bruecht, esou de Serge Wilmes.

Verschidden EU-Staate wéilten awer net op de Wee zur Klimaneutralitéit 2050 goen, an d’nächst Woch wier en decisiven EU-Conseil dozou.

De Grand-Duché hätt de kloerste Message dozou ginn: E Grand-Duché, deen iwwregens en eegene Pavillon op der COP30 hätt.

Aktioun virun der Chamber

Am Virfeld vun der Aktualitéitsstonn hate sech zwou Dose Leit aus der Zivilgesellschaft virun der Chamber versammelt.

D’Plattforme “Votum Klima” an “Initiative pour un devoir de vigilance” hunn zu méi Ambitioun, Aktioun a Kohärenz beim Theema vun der Regierung a vun de Majoritéitsparteien CSV an DP opgeruff.

D’Lutte géint de Klimawandel dierft sech net op grouss Konferenze limitéieren, mee misst op Dauer eng Prioritéit sinn, esou d‘Fuerderung.