arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis zu 36 Grad: Fir muer gëllt eng Vigilance orange fir de Süde vum Land

Meteolux

|
headphones

1 min

Bis zu 36 Grad: Fir muer gëllt eng Vigilance orange fir de Süde vum Land

Meteolux huet fir muer um Mëttwochmëtteg tëschent 13 an 19 Auer eng Vigilance orange erausgi fir de Süde vum Land. Et ginn Temperaturen tëschent 33 a 35 Grad erwaart. An de Stied kéinte se bis op 36 Grad klammen.

headphones

1 min

© EPA/Vincent Jannink
(Foto: EPA/Vincent Jannink)

Bis e Freideg nach mat soll et esou waarm bleiwen. Et gëtt nach emol drun erënnert, datt ee vill drénke soll, esou mann wéi méiglech erausgoe soll, d‘Fënsteren, d‘Riddoen an d‘Rolllueden zoumaache soll, a physesch Aktivitéiten evitéiere soll.

Um Dënschdegmoie war och d‘Cellule de crise beieneen, fir d‘Situatioun ze analyséieren an och an den nächsten Deeg am A ze behalen. 

Déi wäermsten Temperatur, déi zënter 1947 op engem August-Dag um Findel gemooss gouf, ass 37,9 Grad. Dat war am waarme Summer vun 2003.