De Luca Mathias vu Meteolux confirméiert am 100,7-Interview, datt d'Donnéeën effektiv op méi Nidderschlag hiweisen. Op der Wiederstatioun um Findel hätt een en Iwwerschoss vun 30 Liter op de Meterkaree gehat.
"Dat heescht, mir haten do 102 Liter op de Meterkaree op de ganze Juli verdeelt. A par rapport zur Moyenne do leie mir jo ëm déi 70 Liter op de Meterkaree. Dat heescht a punkto Nidderschlag ass dat sécherlech méi."
Wat d'Temperaturen a Sonnestonnen ugeet, do géing ee relativ no un der Moyenne leien, esou nach de Meteorolog.
Et wier och an der Statistik eng "absolutt normal Variatioun" vum Juli gewiescht, betount de Luca Mathias. An nom Reendefizit am Fréijoer hätt et der Natur elo och guttgedoen, datt den Ufank vum Summer esou naass war.
Méi hin an hier wéinst dem Klimawandel
Grad an Zäite vum Klimawandel erwaart ee sech natierlech iergendwou, datt d'Summere méi waarm an och méi dréche ginn, wéi mir dat bis elo kannt hunn. Muss een also dovun ausgoen, datt d'Summere wéi deen, dee mir elo grad erliewen, an den nächste Jore ganz seele ginn? Dat wier eng schwiereg Fro, esou de Luca Mathias.
"Ech denken, datt mir elo och am Kontext vum Klimawandel warscheinlech ëmmer méi hin an hier kéinte schwanken. Dat heescht, mol vun dréchen op naass Summeren." Mee am Allgemenge gesi mir bei der Temperatur trotz allem, datt mir ganz oft iwwer der Moyenne leien."
Rezent war de Juni vill méi waarm wéi d'Moyenne: Gutt 2 Grad.
Och ufanks Juli - dat huet ee mëttlerweil vläicht vergiess - war nach eng Hëtztwell mat ganz héijen Temperaturen.Dëst wier also deemno typesch, well een engersäits extreem héich Temperaturen huet, a kuerz drop vill Ree fält.
D'Tendenz fir den August weist nees a Richtung iwwerduerchschnëttlech Temperaturen. Et soll och nees méi dréche ginn.