D'Zomm vun de versécherte Schied duerch Naturkatastrophen ass an der éischter Hallschent vun dësem Joer op 80 Milliarden US-Dollar geklommen, esou d'Schätzung vu Swiss Re: 40 Milliarden dovu ware wéinst de Bränn am Januar zu Los Angeles.
Verschidde Schied zukünfteg net méi ze versécheren?
D'Zuel vun de versécherten Naturkatastrophe géif also och an d'Luucht goen, stellt de Marc Hengen vum Verband vun den Assurancen- a Reassurancë-Gesellschaften (ACA) fest.
"Déi ginn da vu Versécherer a Réckversécherer gedroen, fir déi geschiedegt Leit dann ze indemniséieren. Dat heescht, do ass ganz kloer eng Tendenz, déi no uewe geet."
An Zukunft kéint et awer sinn, datt verschidde Schied eventuell net méi kéinte verséchert ginn.
"A verschidde Regiounen, och a verschidde Branchen, ass dat en Theema. Well d'Assureure sech aus verschidde Risike wëllen zeréckzéien oder zum Deel mussen zeréckzéien, well si ganz einfach déi zwee Enner net méi zesummekréien. Well et ass jo och esou, et ass einfach soen: 'D'Leit musse méi bezuelen.' Mee et ass awer net onbedéngt esou, datt d'Leit wëlle méi bezuelen."
Kloren Trend a Frankräich
De Marc Hengen vun der ACA erënnert an deem Kontext un d'Analys vu virun e puer Joer vu Swiss Re, datt wann d'Äerd ëm véier Grad méi waarm géif ginn, se net méi assurabel wier.
"E Risiko ass, datt verschidde Garantien net méi kënne vun den Assureuren ugebuede ginn. Ech mengen ze wëssen, datt dat a Frankräich a verschidde Regioune schonn de Fall ass. Och well duerch d’Dréchent nach aner Risike bäikommen, datt d'Haiser ufänken ze baschten an net ze brennen. Dat kënnt da mat dobäi. An iergendwann ass dat finanziell net méi drobar."
Hei am Land wier dat awer keen Trend, esou de Vertrieder vum Verband vun den Assurancen- a Réassurance-Gesellschaften.
"Ech rappeléieren, datt eis Memberen, déi hei zu Lëtzebuerg täteg sinn, sech engagéiert hunn, fir d'Privathaushalter och eng Iwwerschwemmungsassurance unzebidden, a si dat bis elo nach ëmmer maachen."