arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hurrikan Melissa hannerléisst grousse Schued op Jamaika

Karibik

|
headphones

1 min

Hurrikan Melissa hannerléisst grousse Schued op Jamaika

Den Hurrikan "Melissa" zitt elo an d‘Richtung vu Kuba nodeems en op Jamaika grouss Zerstéierung hannerlooss huet. Déi jamaikanesch Regierung huet d‘Insel als Katastrophegebitt deklaréiert.

headphones

1 min

Den Hurrikan Melissa huet vill Schued op Jamaika hannerlooss. | © EPA/Rudolph Brown
Den Hurrikan Melissa huet vill Schued op Jamaika hannerlooss. (Foto: EPA/Rudolph Brown)

Et gëtt nach kéng offiziell Zuel iwwer eventuell Doudesaffer. De Stuerm ass als Hurrikan vun der héchster Kategorie 5 iwwer Jamaika gezunn. Et war de stäerkste Stuerm do zënter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen.

700.000 Leit op Kuba a Sécherheet bruecht

De Stuerm ass elo nach en Hurrikan vun der zweethéchster Kategorie 4, mat Wandvitesse vun 220 Kilometer an der Stonn. Och op Kuba hunn d‘Autoritéite viru Liewesgefor gewarnt. Der Regierung no goufen iwwer 700.000 Leit a Sécherheet bruecht.