arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No Iwwerschwemmungen: Pakistanesch Autoritéite mellen iwwer 300 Doudeger

Staarke Monsun-Reen

|
headphones

1 min

No Iwwerschwemmungen: Pakistanesch Autoritéite mellen iwwer 300 Doudeger

A Pakistan ass de Bilan vun den Iwwerschwemmungen, déi duerch aussergewéinlech staarke Monsun-Reen ausgeléist goufen, weider geklommen: Déi pakistanesch Autoritéiten hunn de Moien op d‘mannst 320 Doudeger bannent 48 Stonne gemellt.

headphones

1 min

Déi meescht Affer – méi wéi 200 Doudeger – hätt et an der Biergregioun Khyber Pakhtunkwha, am Nordweste vum Pakistan, ginn.

Zënter ugangs Juni reent et staark an der Regioun. De Monsun-Reen, deen et an dëser Joreszäit ëmmer an där Regioun gëtt, géif duerch déi vu Mënsche verursaachten Äerderwäermung méi staark ginn, a méi laang daueren, soe Klimatologen.