Radioen

On air

One World  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerleeungen iwwer Loftofwier fir Lëtzebuerg an eventuell e GovSat-2 lafen

Verteidegungsministerin

Iwwerleeungen iwwer Loftofwier fir Lëtzebuerg an eventuell e GovSat-2 lafen

Et hätt een am Koalitiounsaccord festgehalen, mëttelfristeg op 2 Prozent Verteidegungsdepensen ze kommen. Hir an der Regierung wier et wichteg gewiescht, en Datum dorop ze setzen, an dofir wier decidéiert ginn, dat Zil 2030 z’erreechen. Dat sot d’Ministesch Yuriko Backes de Mëttwoch de Mëtteg an der Chamber.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: MAE

Mëttwochs Moies hat d'Ministerin den zoustännege Chamberkommissioune Piste virgestallt, fir op dat Zil vun 2 Prozent Ausgabe vum Bruttonationalakommes ze kommen. D’Projeten, un deene geschafft gëtt, wiere fir no 2028.

Mir wëssen, datt mer d’nächst Joer nei Ziler vun der NATO kréien, sou d’Verdeedegungsministesch. Eng Rakéitenofwier kéint sou en Zil sinn: D’Loftverdeedegung wier eppes, wat ganz deier géif ginn, wat awer néideg wier, wéi een an der Ukrain gesinn hätt.

Dat wier eng Pist, op där de Grand-Duché schaffe misst, well een op deem Gebitt nach guer net opgestallt wier. Si wéilt dofir och mat den Nopeschlänner Gespréicher iwwer eng méiglech Zesummenaarbecht an deem Beräich féieren, sou d‘Yuriko Backes.

Ausgabe fir Defense wäerte sech weider erhéijen

No der Kommissiounssëtzung hat de François Bausch vun déi Gréng d’Fro opgeworf, ob de belsch-lëtzebuergesche Batailloun nach eng Prioritéit fir eis Nopere wier. Et hätt een zesummen Engagementer an deem Sënn geholl a si géif dovun ausgoen, datt déi bestoe géife bleiwen, sot d’Yuriko Backes. Den Defensebudget läit haut bei ronn 700 Milliounen, wat e Verdräifache bannent 10 Joer war. 2030 mécht en da méi oder manner 1,4 Milliarden aus.

"Dat heescht tëscht haut an a 6 Joer, also deem Zil vun 2 Prozent fir 2030, wäert sech dat nach eng Kéier verduebelen."

Iwwerleeunge fir GovSat-2 lafen

An deem Kontext war et och d’Annonce, datt d’Capacitéite vu GovSat-1 geschwë voll sinn.

"Eng vun de Pisten ass effektiv, un engem GovSat-2 ze schaffen. Ech mengen, dat huet jo eng Zäit gebraucht, fir dat op d’Been ze stellen. Haut huet dat e Succès, déi Capacitéiten, déi mir och do kënnen zur Verfügung stellen, innerhalb vun der NATO, déi ginn immens appreciéiert, soudatt dat schonn eng Pist ass, wou mer géife weider drop opbauen."

D’Ministesch, déi déi nächst zwee Deeg bei der NATO zu Bréissel ass, huet nach betount, d’Ukrain weider wëllen z’ënnerstëtzen. Si hätt eng Propos gemaach, fir 2025, vun enger separater, net-limitativer Kreditlinn dofir.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Krich an der Ukrain