Radioen

On air

Simon Says  |  La Femme - Clover Paradise (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Ukrain a Moldawie steet wuel e schwéiere Wanter bevir

International Energieagence warnt

Der Ukrain a Moldawie steet wuel e schwéiere Wanter bevir

Déi international Energieagence warnt d‘Ukrain a Moldawie virun akute Problemer am Wanter. Wéinst der zum groussen Deel zerstéierter Energieinfrastruktur kéinten dëse Wanter ganz vill Wunnengen net gehëtzt ginn.

auto_stories

1 min

Ukrainkrich Kand | © picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Dobäi kéim, datt d‘Ukrain vun Enn dës Joers u kee russesche Gas méi wéilt duerch seng Pipeline loossen. Dat géif zu Versuergungsprobleemer a Moldawie féieren.

Un déi westlech Natiounen ass et dofir den Appell, dës Länner ze ënnerstëtzen. Eleng d‘Ukrain huet duerch russesch Bombardementer zwee Drëttel vu senge Stroumzentrale verluer.