Radioen

On air

Simon Says  |  La Femme - Clover Paradise (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘EU Kommissioun annoncéiert een Emprunt vu 35 Milliarde fir d'Ukrain

Mat russesche Sue finanzéiert

D‘EU Kommissioun annoncéiert een Emprunt vu 35 Milliarde fir d'Ukrain

De Prêt gëtt mat agefruerene russesche Suen finanzéiert - esou d‘Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen op enger Visit zu Kiew. 

auto_stories

1 min

Ursula von der Leyen | © picture alliance/dpa/dpa-ENR-Pool | Christoph Soeder
Foto: picture alliance/dpa/dpa-ENR-Pool | Christoph Soeder

Si huet do och weider EU Hëllef vun 160 Milliounen Euro annoncéiert, fir der Ukrain beim Hëtzen a Stroumvebrauch duerch de Wanter ze hëllefen. Déi ukrainesch Infrastruktur wier duerch russesch Bombardementer zum groussen Deel zerstéiert, esou d‘Kommissiounspresidentin.

Och Norwegen huet der Ukrain weider Hëllef zougesot. Déi norwegesch Ënnerstëtzung fir déi ukrainesch protection civile gëtt deemno ëm 425 Milliounen Euro gehéicht, huet de norweegesche Premier Jonas Gahr Støre ugekënnegt.