Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - Bullett Proof

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russesch Attack op Chrëschtdag: "Wat kann nach méi onmënschlech sinn, ewéi dat?"

Krich an der Ukrain

Russesch Attack op Chrëschtdag: "Wat kann nach méi onmënschlech sinn, ewéi dat?"

Gëschter op Chrëschtdag hat Russland eng massiv Attack op d'Ukrain lancéiert. Sechs Regioune goufe virun allem viséiert, dräi Véierels vun de siwwenzeg Rakéite konnten awer ofgeschoss ginn, grad ewéi eng Partie vun den honnert Dronen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Kay Nietfeld
Foto: picture alliance/dpa | Kay Nietfeld

Zerstéiert goufen eng Rei Energieproduktiounsanlagen. Dausende Stéit an der Ukrain hate kee Stroum méi a konnten hir Wunnengen och net méi hëtzen.

Fir den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hat de russesche President Wladimir Putin sech Chrëschtdag erausgesicht fir massiv ze attackéieren. "Wat kann nach méi onmënschlech sinn, ewéi dat?", esou de Selenskyj.