Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  Ingrid Glowacki

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selenskyj wëll der Press Accès zu nordkoreanesche Prisonéier ginn

Zwee nordkoreanesch Zalodte goufe festgeholl

Selenskyj wëll der Press Accès zu nordkoreanesche Prisonéier ginn

D‘Ukrain soll zwee nordkoreanesch Zaldote festgeholl hunn. Dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj no wieren déi zwee an der russescher Regioun Kurks festgeholl ginn.

auto_stories

1 min

Wolodymyr Selenskyj | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Déi ukrainesch Arméi huet Deeler vun där Regioun zënter e puer Méint besat. Dem Selenskyj no soll d‘Press Accès zu de Prisonéier kréie fir kënnen ze dokumentéieren, wat geschitt.

Ukrainesche Sourcen no sollen tëscht 10.000 an 12.000 nordkoreanesch Zaldote fir Russland kämpfen. Dat virun allem an der Regioun vu Kursk.