Radioen

On air

Simon Says  |  La Femme - Clover Paradise (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain zerstéiert russescht Munitiounslager a sicht d'Gespréicher mat Moskau

Krich an der Ukrain

Ukrain zerstéiert russescht Munitiounslager a sicht d'Gespréicher mat Moskau

Russland huet gëschter nees gemellt, datt eng honnert Dronen an der Grenzregioun mat der Ukrain ofgeschoss gi wieren. De Wolodymyr Selenskyj schafft iwwerdeems un engem "Victoiresplang".

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder

An der Regioun Krasnodar gouf ukraineschen Informatiounen no nees e grousst Munitiounslager getraff. Eng 1.200 Leit hu missen aus den Dierfer ronderëm evakuéiert ginn. 

Dem brittesche Verdeedegungsministère no hätt d‘Explosioun vum russesche Munitiounsdepot bei Toropez en Afloss op déi weider Krichsentwécklung. Besonnesch ronderëm Kursk dierften déi russesch Militäroperatiounen doduercher Ravitaillementsproblemer kréien.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wëll iwwerdeems Gespréicher mat Moskau. Et géif dobäi ëm d‘Ëmsetze vun engem Victoiresplang goen. De Selenskyj wëll dës Pläng op senger USA-Visitt fir d‘éischt dem amerikanesche President Joe Biden, an dann der Ëffentlechkeet virstellen. Et géif deemno ëm dräi Punkte goen iwwert déi mat Russland kéint diskutéiert ginn.

Parallel huet d‘Ukrain virdru gewarnt, datt Moskau ukrainesch Atomzentralen am Viséier hätt. Esou en Tëschefall kéint global Konsequenzen hunn, sou den Ausseminister Andrij Sybiha.