Radioen

On air

Simon Says  |  La Femme - Clover Paradise (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joe Biden kënnegt grousst Ukrain-Treffen an Däitschland un

Selenskyj an den USA

Joe Biden kënnegt grousst Ukrain-Treffen an Däitschland un

Den amerikanesche President Joe Biden empfänkt haut den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj am Wäissen Haus. Do virdrun huet hien der Ukrain eng nei Militärhëllef vun 8 Milliarden Dollar versprach.

auto_stories

1 min

Joe Biden | © picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP

Den Joe Biden wëll e grousst Ukrain-Treffen am Oktober an Däitschland organiséieren. Dobäi sollen d‘Beméiunge vun iwwer 50 Länner koordinéiert ginn, Länner vun der sougenannter US-geféierter Kontaktgrupp, déi d‘Ukrain géint de russeschen Aggressiounskrich ënnerstëtzen.

Wou genee dat Treffen an Däitschland soll sinn, ass net bekannt. Et gëtt ugeholl, datt et op der amerikanescher Militärbase Ramstein wäert sinn.