Radioen

On air

Simon Says  |  Hinds & Grian Chatten - Stranger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA gi weider Hëllefen a Milliardenhéicht un d'Ukrain

Krich an der Ukrain

USA gi weider Hëllefen a Milliardenhéicht un d'Ukrain

D'USA accordéieren der Ukrain e weideren Hëllefspak a Milliardenhéicht. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenksyj krut bei senger Visitt am Wäissen Haus déi Hëllef vum US-President Joe Biden zougesot.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Yuri Gripas - Pool via CNP

De Selenskyj huet bei där Geleeënheet ee Plang presentéiert, wéi d'Ukrain géint Russland ka gewannen, heescht et. De Selenskyj huet och déi demokratesch Presidentschaftskandidatin Kamala Harris begéint.

Eng Zäitlaang war onkloer, op hien och e Gespréich mam republikanesche Kandidat Donald Trump wäert hunn. Den Trump gesäit déi amerikanesch Ënnerstëtzung fir d'Ukrain kritesch. Hënt eiser Zäit huet hien awer elo zougesot. Den Donald Trump huet am Nomëtteg haut e Gespréich mam Selenskyj.