Radioen

On air

Simon Says  |  La Femme - Clover Paradise (Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump schwätzt vun engem Krichsenn nach viru Januar

Entrevue mam Selenskyj

Den Donald Trump schwätzt vun engem Krichsenn nach viru Januar

De Krich an der Ukrain kéint viru Januar 2025 eriwwer sinn. Dat sot den Donald Trump bei senger Entrevue zu New York mam ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine

Wann hien d‘Wale gewënnt, géif hien derfir suergen, datt et viru senger Investitur eeben am Januar esou geschitt, esou de republikanesche Presidentschaftskandidat.

Den Trump ass géint d‘Hëllefen, déi d‘USA der Ukrain elo schonn iwwer zwee Joer ginn. De Selenskyj huet seng Hoffnung ausgedréckt, datt Amerika weider op hirer Säit steet.