arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verhandlungen a Russland fir Friddensaccord: Et kënnt op déi territorial Fro un

Ukrainkrich

|
headphones

1 min

Verhandlungen a Russland fir Friddensaccord: Et kënnt op déi territorial Fro un

Den US-amerikanesche Spezialemissär Steve Witkoff gëtt haut, Dënschdeg, zu Moskau erwaart fir en Treffe mam russesche President Wladimir Putin. Dat fir weider iwwer den amerikanesche Friddensplang ze verhandelen.

headphones

1 min

De Steve Witkoff (riets) a Wladimir Putin (lénks) am Wäissen Haus am August 2025 | © EPA/GAVRIIL GRIGOROV / SPUTNIK / KREMLIN POOL MANDATORY CREDIT
De Steve Witkoff (riets) a Wladimir Putin (lénks) am Wäissen Haus am August 2025 (Foto: EPA/GAVRIIL GRIGOROV / SPUTNIK / KREMLIN POOL MANDATORY CREDIT)

De Plang gouf iwwerschafft nodeems eng éischt Versioun als ze vill virdeelhaft fir Russland kritiséiert gi war. 

No weideren Diskussiounen de leschte Weekend mat ukrainesche Vertrieder a Florida huet Washington sech optimistesch gewisen, datt en Accord kéint fonnt ginn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot sengersäits de Méindeg no engem Treffe mam franséische President Emmanuel Macron zu Paräis: Déi territorial Fro wier dee schwieregste Punkt. Moskau fuerdert weider, datt Kiew Deeler vun der Regioun Donbas u Russland ofgëtt. Fir d‘Ukrain bleift dat inakzeptabel.

Iwwerdeems huet Moskau gemellt, datt Russland déi strategesch wichteg ukrainesch Stad Pokrowsk am Oste vun der Ukrain elo eruewert hätt.