arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Terrorattentat” – Explosiounen an der westukrainescher Stad Lwiw

Ukrain

|
headphones

1 min

“Terrorattentat” – Explosiounen an der westukrainescher Stad Lwiw

An der Groussstad Lwiw goufen et an der Nuecht zwou Explosiounen. Dobäi soll op d’mannst eng Polizistin vun 23 Joer ëm d’Liewe komm sinn. Weider Sécherheetsforcë wiere blesséiert ginn, esou d’Autoritéiten.

headphones

1 min

Ukrainesch Policebeamte schaffen op der Plaz vun enger duebeler Explosioun am Zentrum vu Lwiw | © EPA/MYKOLA TYS
Ukrainesch Policebeamte schaffen op der Plaz vun enger duebeler Explosioun am Zentrum vu Lwiw (Foto: EPA/MYKOLA TYS)

“Dat war een Terrorattentat”, esou de Buergermeeschter Andrij Sadowyj. D’Zuel vun de Blesséierte wier op 24 geklommen, heescht et vun der Plaz.

D’Explosiounen zu Lwiw ware kuerz no Mëtternuecht. Dem Parquet no, wier d’Police wéinst engem presuméierten Abroch an d’Alstad gefuer. Wéi si ukoumen, wier déi éischt Explosioun ausgeléist ginn. Déi zwee Explosioun gouf et, wéi Verstäerkung op d’Plaz koum.

D’Regioun Lwiw läit am Weste vun der Ukrain. D’Stad Lwiw ass nëmme ronn 50 Kilometer vum EU-Territoire ewech.

Lwiw ass ëmmer erëm d’Ziel vu russesche Rakéiten- an Dronenattacken.