Fir d‘NATO géif et elo drëms goen, e Krich ze stoppen, ier en ufänkt. An dofir misst ee sech der Bedroung bewosst sinn. Vill Länner hätten nach net verstan, wéi grouss d‘Geforen duerch Russland sinn, esou de Mark Rutte zu Berlin.
Konkret huet de Chef vun der NATO gefuerdert, datt d‘Länner méi an d‘Defense an an d‘Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain investéieren.