arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Russland prett géint Europa ze kämpfen, wann et néideg wier, seet de Putin

Ukrainkrich

|
headphones

1 min

Russland prett géint Europa ze kämpfen, wann et néideg wier, seet de Putin

Russland wéilt kee Krich mat Europa, mee wier prett fir ze kämpfen. Dat sot de russesche President Wladimir Putin nach virum geplangten Treffe mam US-Spezialemissär Steve Witkoff an dem Jared Kushner zu Moskau.

headphones

1 min

© picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool
(Foto: picture alliance / Russian Look | Kremlin Pool)

Bei där Entrevue soll iwwer den iwwerschafften US-Friddensplang verhandelt ginn, mee de Wladimir Putin huet déi rezent Ännerung och scho virop ofgeleent.

D‘Virschléi vun den Europäer wéilten de Friddensprozess blockéieren, esou de Putin géintiwwer der russescher Noriichtenagence.

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj sot sengersäits op Visitt an Irland, hie wier op "alles virbereet".

Kiew dementéiert iwwerdeems d‘Meldung vu Russland, datt Moskau déi strategesch wichteg Stad Pokrowsk ageholl hätt. D'Kämpf géife weidergoen, esou Kiew. Pokrowsk ass eng logistesch Schlësselplaz fir déi ukrainesch Truppen am Oste vum Land an ass zënter Méint ëmkämpft.