No de russesche Rakéiten- an Dronenattacke gëschter um Dënschdeg op ukrainesch Stoum- an Energie-Zentralen hunn déi ukrainesch Truppe sech aus der strategesch wichteger Stad Siwersk am Norden der Regioun Donezk zeréckgezunn.
3 Doueger no Explosioun zu Moskau
Iwwerdeems gouf et an der russescher Haaptstad Moskau um Mëttwochmoien nees eng Explosioun. Russesch Medie schwätze vun engem Attentat.
Zwee Polizisten an den Attentäter wieren ëm d‘Liewe komm. D‘Explosioun wier geschitt, wéi d‘Polizisten eng verdächteg Persoun kontrolléiere wollten, esou russesch Medien.
Russland verdächtegt ukrainesche Geheimdéngscht
D‘Explosioun war net wäit vun der Plaz wou gëschter um Dënschdeg e russesche Generol duerch eng Autosbomm ëm d‘Liewe koum. Wien do derhannert stécht ass net gewosst.
Russland huet den ukrainesche Geheimdéngscht verdächtegt.