Um Freidegmoien huet de Korruptiounsskandal an der Ukrain weider Konsequenze gezunn an et goufen Duerchsichungen beim Andrij Jermak, deen als riets Hand vum Wolodymyr Selenskyj gëllt. Doropshinn huet den Andrij Jermak am Nomëtte säi Récktrëtt ugekënnegt.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Korruptiounsvirwërf
|Chef vum ukrainesche Presidentebüro Andrij Jermak ass zeréckgetrueden
De Chef vum ukrainesche Presidentebüro Andrij Jermak, ass zeréckgetrueden. Dat no rezenten Anti-Korruptiounsenquêten. An engem Videomessage huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj annoncéiert, datt hien déi entspriechend Erklärung schonn ënnerschriwwen huet.
(Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)