Zënter dem 24. Februar 2022, also dem Ufank vum Krich, hätt si sech ëmmer nees d’Fro gestallt, ob si goen oder bleiwe soll. Mat der Zäit wier d’Liewen zu Moskau ëmmer méi schwiereg ginn. No an no hu Kolleegen d'Land verlooss. Froe vun der Sécherheet an d'Gesetzer hätten d’Aarbecht erschwéiert. Bis zu deem Punkt, wou et ze vill ginn ass an ee sech gesot huet, datt een et net méi aushält.
Permanent Suergen a Gedanken
Grad als auslännesch Journalistin wier et iwwerdeems ëmmer méi schwiereg ginn, mat de Leit ze schwätzen, well si Angscht haten, erkläert d’Inna Hartwich. Als Journalistin hätt si sech och Suerge gemaach, déi Leit a Gefor ze bréngen, déi bereet sinn, mat hir ze schwätzen.
Et hätt ee sech permanent Gedanke gemaach an ofgewien, wouriwwer ee bericht a wouriwwer net. Deemno hätt et och Sujete ginn, déi si dann net opgegraff huet, notamment wann et ëm d’russesch Arméi gaange wier. Si hätt nämlech wéinst Diskreditéieren ugeklot kënne ginn.
Kolleegen, déi verfollegt goufen
Si erzielt vun Aarbechtskolleegen, déi op de russeschen Ausseministère geruff goufen, oder souguer bis an hir Privatwunneng verfollegt goufen.
"Wärend sie nicht da waren. Aber die Leute haben Zeichen hinterlassen, dass sie da waren. Und das sind so Momente, wo man sich einfach nicht mehr sicher fühlt."
Hir selwer wier dat net geschitt, esou d’Inna Hartwich.
Elo lieft si an der Schwäiz a mécht eng berufflech Paus. Aus der Distanz wéilt si net iwwer Russland berichten. Si hofft awer, datt si iergendwann eng Kéier zeréckgoe kann, wann och just als Touristin.