arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrain stellt Onofhängegkeet vun Anti-Korruptiounsautoritéiten erëm hier

Ukrainescht Parlament

|
headphones

1 min

Ukrain stellt Onofhängegkeet vun Anti-Korruptiounsautoritéiten erëm hier

Dat ukrainescht Parlament huet engem neie Gesetz gréng Luucht ginn, dat d‘Onofhängegkeet vun zwou Anti-Korruptiounsautoritéiten nees opbaue soll. Domat gëtt eng vill kritiséiert Propos vum President Wolodymyr Selenskyj ersat.

headphones

1 min

Déi hat virgesinn, datt déi bis elo onofhängeg Autoritéiten dem Parquet ënnerstallt ginn. Dëst gouf och ënner anerem vun der EU kritiséiert. Vu Bréissel heescht et elo, datt elo déi wichtegst Schutzmesurë mat dem neie Gesetz erëm hiergestallt ginn.