arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissiounspresidentin um Treffen tëschent Trump a Selenskyj dobäi

Treffen zu Washington

|
headphones

2 min

EU-Kommissiounspresidentin um Treffen tëschent Trump a Selenskyj dobäi

Op Wonsch vum ukrainesche President Selenskyj wäert d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen um Treffen zu Washington dobäi sinn. Dat deelt d'EU-Kommissiounspresidentin op X mat.

headphones

2 min

Den ukrainesche President Wolodymr Selenskyj an d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Den ukrainesche President Wolodymr Selenskyj an d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)

Och aner EU-Staats-a Regierungscheffe wäerten dobäi sinn, dorënner den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz, de franséische President Emmanuel Macron an de finnesche President Alexander Stubb. An och den NATO-Chef wäert de Selensky op Washington begleeden. 

Den ukrainesche President hält iwwerdeems u senger Positioun fest, datt Russland fir d‘éischt eng Wafferou respektéiere soll, éier iwwer ee permanente Friddensaccord verhandelt gëtt.

Trump ännert Positioun drastesch

Nom Alaska-Sommet mam Wladimir Putin huet den US-President seng Positioun drastesch geännert. Hie fuerdert elo kee Waffestëllstand vu Russland méi, mee et sollt een direkt iwwert e permanente Fridde verhandelen, hat hie gëschter op Truth Social geschriwwen.

Dat géif bedeiten, datt Russland mam Krich weider fuere ka wärend verhandelt gëtt. Eng Positioun, déi d‘Ukrain an Europa bis elo ofgeleent hunn.

Videokonferenz vun der Koalitioun vun de Wëllegen

Fir d‘Positioun vun europäeschen an aneren Alliéierte vun der Ukrain weider openeen ofzestëmmen huet de brittesche Premier Keir Starmer um Sonndegmëtteg eng Videokonferenz vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen organiséiert. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden wäert dorun deel huelen, krute mir op Nofro hi gesot. 

Wéi verschidden US-Medie gemellt hunn, hätt de Wladimir Putin dem Donald Trump an Alaska eng Offer proposéiert, déi verlaange géif, datt Kiew dat ostukrainescht Gebitt Donetsk am Donbas u Russland ofgëtt, wärend Russland d'Frontlinnen an aneren Donbas Regioune géif afréieren.