arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ NATO plangt Batallioun a Finnland ze stationéieren

International

|
reading time

1 min

NATO plangt Batallioun a Finnland ze stationéieren

Dëse Summer wëllt d‘Nato en neie multinationale Batallioun a Finnland stationéieren. De But dovun ass, fir Russland ofzeschrecken, fir d‘Nato-Länner un der Ostgrenz ze attackéieren. Finnland huet iwwer 1.300 Kilometer Grenz mat Russland an ass zënter 2023 Member an der NATO.

reading time

1 min

Vun do aus sollen dann och Truppen a weideren aacht ëstleche Länner stationéiert ginn: An den dräi baltesche Republicken Estland, Lettland a Litauen, a Polen, Slowakei, Ungarn, Rumänien an a Bulgarien.

Estland: Kamäi vun Energiezentral vu russescher Dron getraff

An Estland an a Lettland sinn zwou Dronen erofgefall déi iwwer déi russesch Grenz geflu sinn. An Estland wier eng Energiezentral getraff ginn, dat huet den estnesche Geheimdéngscht  matgedeelt. Et wier kee blesséiert ginn. Vun Tallin a Riga heescht et d‘Virfäll géifen ënnersicht ginn, fir erauszefannen, vu wou d‘Drone koumen. 

Estland huet eng 300 Kilometer laang Grenz mat Russland. Am Laf vum russeschen Aggressiounskrich géint d‘Ukrain  goufen aus Europäeschen a Nato-Länner an de leschte Jore méi dacks net identifizéiert Dronen an der Géigend vu Flughäfen a Militäreschen Installatioune gemellt.