arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Konsequenze vum SuperGAU an der Atomzentral si bis haut an der Ëmgéigend ze spieren

40 Joer Tschernobyl

|
reading time

3 min

D'Konsequenze vum SuperGAU an der Atomzentral si bis haut an der Ëmgéigend ze spieren

D'Atomzentral zu Tschernobyl, déi viru 40 Joer beim sougenannte SuperGAU staark beschiedegt gouf, ass wärend dem russesche Krich géint d'Ukrain enger weiderer grousser Menace ausgesat gewiescht. D’Schutzhüll war nämlech am Februar 2025 vun enger russescher Dron getraff ginn.

reading time

3 min

Russesch Dronenattack op Atomzentral vun Tschernobyl | © EPA/SERGEY DOLZHENKO
Russesch Dronenattack op Atomzentral vun Tschernobyl (Foto: EPA/SERGEY DOLZHENKO)

Déi Schutzhüll misst dréngend reparéiert ginn, warnt d'Pauline Boyer vu Greenpeace Frankräich. Si war selwer kuerz virun der Dronenattack sur Place. 

Tschernobyl wier eng Zon, déi fir Generatioune contaminéiert ass a wou d'Leit ni méi kéinten zeréckgoen. Am Ëmkrees vum Wierk liewe Millioune Leit. Wéi d’Pauline Boyer, Nuklearexpertin bei Greenpeace Frankräich, erkläert, fueren d’Mataarbechter:inne vu Greenpeace reegelméisseg op d’Plaz.

Méi Krankheeten a méi Gefore wärend dem Krich

Engersäits fir d’Bevëlkerung, déi vum Accident betraff ass, ze ënnerstëtzen. Anerersäits fir d’Aarbechten an der Zon, wou zum Beispill gemooss gëtt, wéi héich d’Stralebelaaschtung an der Géigend ass, ze suivéieren.

Fir d’Leit, déi an der Ëmgéigend wunnen, wieren d’Konsequenzen och 40 Joer duerno däitlech ze spieren, wéi d’Pauline Boyer erzielt.

"Ça veut dire: des maladies qui sont beaucoup plus fréquentes que dans la population qui vit dans les zones non contaminées. Aujourd'hui, ce qu'on voit en Ukraine, c'est que le risque de guerre accentue cet héritage toxique, son danger et, d'une manière générale, dans un pays où il y a des zones nucléarisées, la guerre vient ajouter un risque pour la population et la biodiversité."

D’Pauline Boyer selwer war an de Joren 2024 an 2025 zu Tschernobyl, also just ier am Februar 2025 eng russesch Dron d’Schutzhüll getraff huet, déi néng Joer virdru ronderëm de beschiedegte Reakter installéiert gi war.

Schutzhüll riskéiert a sech zesummenzefalen

D’Situatioun sur Place hätt sech mam Ausbroch vum Krich zousätzlech verschäerft.

"C'est une zone qui est toujours contaminée et qui aujourd'hui encore plus à risque, puisqu'il y a des mines antipersonnelles qui ont été posées dans la forêt et que depuis février 2025, l'arche de confinement qui servait à protéger le sarcophage du réacteur accidenté, donc de la corrosion et pour permettre de confiner l'éventuel relargage de radioactivité. Cette arche ne fonctionne plus et donc les risques sont encore plus grands aujourd'hui en temps de guerre."

Wéi d’Pauline Boyer erkläert, géif elo de Risiko bestoen, dass d’Schutzhüll a sech zesummefält. Si misst dringend reparéiert ginn.

E Plang, fir dës Reparaturaarbechten un “dëser Arche de confinement” duerchzeféieren, géif schonns virleien, esou d’Greenpeace-Expertin. Esoulaang awer d’Menace duerch de Krich weider besteet - mat Loftugrëffer, reegelméissege Stroumausfäll an Dronen, déi iwwer d'Gebitt fléien - wier dat immens komplizéiert.

De Krich misst dringend ophalen, fir dës wichteg Aarbechten duerchzeféieren, esou den Appell vun der Pauline Boyer vun der Ëmweltorganisatioun Greenpeace.