Iwwerdeems ginn déi russesch Attacken op d'Ukrain weider. Bei enger neier Attack op déi ukrainesch Haaptstad Kiew ass hënt op d’mannst eng Persoun gestuerwen a goufen 31 weiderer blesséiert.
An der ganzer Ukrain gouf et hënt Loftalarm. Dat russescht Militär huet dobäi iwwer 670 Dronen a 56 Rakéiten agesat. Doropshi koum et ënner anerem zu Kiew zu Explosiounen.