Radioen

On air

Notturno  |  Jaunt - Holding On To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vera Jourova: “Och ‘X’ muss sech un EU-Gesetzer halen”

Demokratie an der EU

Vera Jourova: “Och ‘X’ muss sech un EU-Gesetzer halen”

D’Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun, Vera Jourova, warnt viru massiver russescher Propaganda am Internet a fuerdert Online–Plattformen op, Géigemesuren ze huelen. Bis elo awer ass de Verhalens-Kodex fir Entreprise fräiwëlleg. Mécht d’EU genuch fir d’Demokratie ze protegéieren? Dat war eng vun de Froen am Interview vu Journalisten aus dem Radios-Réseau Euranet Plus.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Euranet - Plus play_arrow
Foto: Euranet Plus

Och wa sech Twitter aus deem fräiwëllege Verhalenskodex zeréckgezunn huet, muss sech d’Plattform un EU-Reegelen ze halen, betount d’Vera Jourova

“Mir hu Jorelaang gutt mat den Experte vun Twitter geschafft, et huet mir perséinlech leed gedoen, datt si sech aus dem Kodex zeréckgezunn hunn, well et war eng Méiglechkeet fir eng oppen Diskussioun doriwwer ze hunn, wat technesch méiglech ass. De Kodex war net obligatoresch, et muss ee sech awer un EU-Gesetzer halen – an dat ass beim Digital Services act de Fall. Do kann ech nach net soen, wéi Twitter oder X sech behëlt – mir sti ganz um Ufank vun deem Prozess.”

Keng Iwwerraschung fir Ungarn a Polen

De Respekt vum Rechtsstaat ass fir déi tschechesch Liberal Politikerin ee vun de wichtegste Piliere vun der Europäescher Unioun. Datt d’EU zanter dräi Joer een detailléierte Rapport iwwert den Etat de droit an all eenzel vun de 27 EU-Länner mécht, wier ee Plus.

"Et kann een iwwert de Prinzip vum Rechtsstaat wärend Stonnen a Stonne schwätzen – dëse Rapport awer gëtt ee ganz strukturéierte Message. Konkret a fair, well mer déi nämmlecht Methode fir all d’Länner gebrauchen, déi nämmlecht Analyse vun den Donnéeën."

Fir d’Corona-Hëllefspläng wieren d’Analysen aus deene Rapporte geholl ginn. Länner wéi Polen oder Ungarn, fir déi d’EU-Suen nach ëmmer blockéiert sinn, hätten also do keng Iwwerraschungen erlieft. Béid Länner hätte Reformen an déi Richtung an d’Weeër geleet.

“Des Gespréicher lafen nach, wann déi Prozesser ofgeschloss sinn, kënne mer d’Suen zur Verfügung stellen."

D’Europäesch Kommissioun géif hei op Drock vun de Bierger an den Entreprisen agéieren. Déi éischt erwaarde sech, datt EU-Sue protegéiert sinn, déi zweet, datt si op onofhängeg Geriichter ziele kënnen.

Ethik-Rot mat méi Zänn wier net machbar

En vue vun den Europawale geet et fir d’Vizepresidentin vun der Kommissioun drëm, nees Vertrauen opzebauen. Virun allem nom Korruptiounsskandal am Europaparlament, dem sou genannte Katargate. Deen awer net nëmmen um Parlament hänke bleift

"Mir mussen all méi maaachen." betount d’Vera Jourova. Si selwer blouf allerdéngs hannert den Erwaardungen zeréck - vun deenen déi zanter Jore méi transparent EU-Institutioune fuerderen. Dee geplangten Ethik-Rot, deen d’Kommissioun am Juni proposéiert huet, geet dem Parlament net wäit genuch, well e keng Kompetenz huet, selwer ze enquêtéieren an ze sanktionéieren. D’Vera Jourova awer verdeedegt hire Plang. Dat, wat d’Parlament wëll, wier guer net machbar.

"Mir missten éischtens ee monstréis grousse Büro schafen, dee sech mat Dausende vu Fäll befaasse misst. Eleng an der Kommissioun gouf et zum Beispill 2020 iwwer 5000 diszipilnär Fäll. Den Ethik-Rot huet och net déi néideg legal Basis an den Traitéen. Déi ass ze schwaach fir kënne Leit ze bestrofen."

Si kéint sech net virstellen, datt d'EU-Kommissioun sou wäit goe géif. 

Kuckt de ganzen exklusiven Interview mat der Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun Vera Jourova hei.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Europa
Interview
Noriichten