E Sonndeg hat de François Bayrou ausgeschloss, de Pensiounsalter vun aktuell 64 nees op 62 erofzesetzen an hat doduerch d'Gewerkschaften an d'Oppositiounsparteie géint sech opbruecht. Eigentlech hat de Bayrou nämlech versprach, datt et beim Konklav keen Tabu, also och net de Pensiounsalter, sollt ginn.
Gëschter um Dënschdeg huet hien an der Assemblée nationale nach eemol säi Punkt bekräftegt. De Bayrou sot, e Rapport vun der Cour des Comptes géing den Defizit bei de Pensioune fir dëst Joer op 6,6 Milliarde schätzen. Do kéint een et sech net erlaben, den Alter nees erofzesetzen.
Gewerkschafte verloossen de Verhandlungsdësch
Nodeems schonn d'Gewerkschafte Force Ouvrière an d'Union des entreprises de proximité sech aus dem Konklav zeréckgezunn hunn, iwwerleet wuel och d'CGT, déi zweetgréisste Gewerkschaft am Land, de Verhandlungsdësch ze verloossen. Dat melle verschidde franséisch Medie wéi Le Monde a beruffe sech op en interne Communiqué. An deem steet, datt d'Gespréicher zënter dem Bayrou sengen Äusserungen eng aner Natur hunn. Dofir sollt een elo op Mobilisatioun amplaz Konklav setzen.
Bis muer de Moie soll déi Decisioun stoen. Haut wäert d'CGT awer wuel nach un der Reunioun vun de Sozialpartner deelhuelen. Och d'Oppositiounsparteie maachen Drock op de Bayrou. De Sozialistechef Olivier Faure sot gëschter um Dënschdeg op BFMTV, de Premier géing sech ieren, wann hien denkt, datt ee kee Mësstrauensvott méi géing géint hien duerchbrénge kéint. Nach wëllt een awer heimadder ofwaarden a kucken, wéi et mat de Gespréicher weidergeet.