Elo gouf een neit Gesetz am franséische Parlament gestëmmt. Dëst Gesetz gesäit vir, datt d’Fabrikatioun, den Import an de Verkaf vu Produiten, an deene PFAS-Chemikalien dra sinn, limitéiert gëtt.
Vum 1. Januar 2026 u soll et dann och verbueden sinn, Produite mat gewësse PFAS an den Ëmlaf ze bréngen. Zousätzlech soll d’Waasser och méi reegelméisseg iwwerpréift ginn. Domat kann dann eng Kaart etabléiert ginn, déi weist, wou am meeschte PFAS fräigesat gëtt.
Virreider an Europa
D'Gesetz soll och op Kicheproduite wéi Teflonspanen ausgebreet ginn. Sou heescht et vum Mikrobiolog op der Uni Stroossbuerg, Stéphane Vuilleumier, deen dëst Gesetz begréisst, mee preziséiert, datt et mat Textil-, Kosmetikproduiten a Schong net duer geet.
Frankräich ass dat zweet Land, dat den Asaz vu gewësse PFAS verbidde wëll. Dänemark huet scho gewësse PFAS-Chemikalië verbueden. Deemno ass et fir Frankräich e wichtege Schrëtt, elo als zweet Land dës Mesuren ze huelen. D’EU schafft aktuell och un engem Gesetz, wat de PFAS-Asaz limitéiere soll.
PFAS-Substanze kënnen och gravéierend gesondheetlech Konsequenzen hunn. Sou schiedege se ënner anerem d’Liewer an erhéijen de Risiko fir gewëss Kriibsaarten an Erkrankungen un der Schilddrüs.