An 854 europäesche Stied goufen d‘Doudesursaachen ënnersicht. Ronn 68 Prozent vun den Doudesfäll waren direkt op d'Konsequenze vun der Hëtzt zeréckzeféieren.
Schlofmangel, Dehydratioun, Kreeslaf an Otemproblemer hunn zu den heefegste Symptomer gehéiert. Et ass déi bis elo gréissten Etüd a Saache Klimawandel a Gesondheet.