arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier Doudesaffer bei Bëschbränn a Portugal a Spuenien

EU-Hëllefen ugefrot

|
headphones

1 min

Véier Doudesaffer bei Bëschbränn a Portugal a Spuenien

A Portugal a Spuenien kämpfen Dausende Pompjeeë weider géint Bëschbränn. Och Portugal huet um Samschdeg Hëllef bei der EU ugefrot.

headphones

1 min

En Helikopter bei Läschaarbechten net wäit vu Barcelona | © picture alliance / NurPhoto | Marc Asensio
En Helikopter bei Läschaarbechten net wäit vu Barcelona (Foto: picture alliance / NurPhoto | Marc Asensio)

E Freideg gouf et a Portugal dat éischt Doudesaffer, a Spuenien goufen et schonn dräi Doudeger. A béide Länner soen d‘Autoritéiten, et wieren déi schlëmmst Bëschbränn zanter Joren.

Eleng am Nordweste vu Spuenien waren e Samschdeg nach 19 grouss Bëschbränn ausser Kontroll. Rekordfläche vu Bësch a Vegetatioun sinn a béide Länner zanter dem Ufank vum Joer verbrannt: A Portugal sinn et 139.000 Hektar, an a Spuenien 157.00 Hektar, déi den Autoritéiten no zanter dem Ufank vum Joer vun de Flamen zerstéiert goufen.

De Experten no kënnt et wéinst der Äerderwiermung, déi vum Mënsch verursaacght gëtt, méi dacks zu extreeme Wieder-a Klimasituatiounen, dorënner Hëtztwellen, Dréchenten a Bëschbränn.