arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbränn: Weider Doudeger a Spuenien an a Portugal

1.400 Zaldoten am Asaz

|
headphones

1 min

Bëschbränn: Weider Doudeger a Spuenien an a Portugal

A Spuenie gëtt et ee weidert Doudesaffer duerch d’Bëschbränn: E Pompjee ass am Nordweste vum Land bei engem Accident mam Waassercamion ëm d‘Liewe komm. Domat klëmmt d‘Zuel vun den Doudesaffer op 4.

headphones

1 min

© EPA/BRAIS LORENZO
(Foto: EPA/BRAIS LORENZO)

Virun allem am Norden an am Weste kämpft d’Land weider mat ronn 20 aktive Bëschbränn vun der héchster Risikokategorie. Iwwer 1.400 Zaldote wieren am Asaz. De spuenesche Regierungschef Pedro Sánchez wëllt 500 zousätzlech Pompjeeën an déi betraffe Gebidder schécken. Hien huet an deem Kader ausserdeem een "nationale Pakt géint de Klimanoutstand" annoncéiert. Bis September sollen hei d'Grondlagen um Dësch leien, fir eng besser Reaktioun op de Klimawandel ze erméiglechen.

Spuenien erlieft zënter ronn 3 Wochen eng Canicule mat plazeweis Temperaturen iwwer 40 Grad. 

Och a Portugal gëtt et e weidert Doudesaffer: Och do ass e Pompjee am Asaz géint d‘Feieren ëm d‘Liewe komm. Besonnesch am Norden an am Zentrum vu Portugal bleift d‘Situatioun kritesch: Um Méindegmoie sinn nach ëmmer 2.000 Pompjeeë mobiliséiert.