arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbränn a Spuenien erreeche Rekordausmooss

343.000 Hektar Land

|
headphones

1 min

Bëschbränn a Spuenien erreeche Rekordausmooss

D'Bëschbränn a Spuenie breede sech weider aus: Zënter dem Ufank vum Joer sinn a Spuenien ewell 343.000 Hektar Land verbrannt - esou vill wéi nach ni virdrun. Bis elo war 2022 mat 306.000 Hektar verbranntem Land dat Joer mat de meeschte Schied.

headphones

1 min

© EPA/J. CASARES
(Foto: EPA/J. CASARES)

Besonnesch betraff sinn d'Regioune Castilla y León, Galizien an Extremadura. Weider grouss Evakuatioune ginn elo virbereet.