Wie gëtt de fënnefte franséische Premier bannent zwee Joer? Wuel nach dës Woch soll dat feststoen. Rumeure ginn et den Ament op alle Fall masseg. De Mëtteg huet BFMTV gemellt, datt de konservative Xavier Bertrand, President vum Conseil Hauts-de-France eng eegen Nominatioun ausschléisst, mee dorop verwisen hätt, datt de Sébastien Lecornu, aktuellen Arméisminister, schonn amgaang wier seng Regierung zesummenzestellen. Dësem seng Ekipp huet dat awer direkt dementéiert.
Iwwerdeems koum d’Gauche haut fir Gespréicher zesummen. Net dobäi waren allerdéngs d’Sozialisten, déi eng eege Reunioun haten. De Sozialistechef Olivier Faure proposéiert zënter Deeg eng Regierung ënner der Féierung vu senger Partei an den Ekologisten. Hie war de Moien Invité op France Inter. Op d’Fro, ob d’Sozialisten een anere Premier direkt géingen ofwiele wollt hien net äntwerten.
Fir de rietsextremen RN gëtt et just eng Optioun fir aus der politescher Sakgaass ze kommen an zwar Neiwalen. En neie Premier, deen dem Macron seng Politik weiderféiert géing nees ofgewielt ginn, sot den Jordan Bardella de Moien op RTL. Haut am Nomëtteg huet d’Lénkspartei LFI och eng Destitutiounsprozedur lancéiert fir de President Macron ofzesetzen. Et feelen heifir allerdéngs d’Majoritéiten am Parlament.