arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat neit Migrantenofkommes tëschent Groussbritannien a Frankräich

Europa

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Dat neit Migrantenofkommes tëschent Groussbritannien a Frankräich

A Groussbritannie goufen e Mëttwoch fir déi éischte Kéier Migrante, déi iwwer den Äermelkanal komm sinn, festgeholl. Dëst geschitt am Kader vun engem neien Ofkommes tëschent Frankräich a Groussbritannien. Kann dësen Deal awer d‘Leit dovunner ofbréngen, déi geféierlech Rees ze maachen?

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

"One in, one out": Esou gëtt d‘Ofkommes genannt, dat de Keir Starmer an den Emmanuel Macron am Juli ugekënnegt haten. Groussbritannie verhaft deemno eng bestëmmten Zuel u Migranten, déi illegal mat Booter op d‘Insel komm sinn, an deportéiert déi zimmlech séier erëm zeréck a Frankräich.

Als Echange hëlt Groussbritannie vir all Persoun, déi deportéiert gëtt, e Migrant aus Frankräich op.

25.000 Migranten eleng an dësem Joer

Fir d'alleréischte Kéier kënne Leit, déi op dës illegal a geféierlech Aart a Weis a Groussbritannie kommen, zeréck a Frankräich geschéckt ginn, esou d’Innenministerin Yvette Cooper.

Wéi vill Festname bis elo gemaach goufen, huet d‘Regierung net bekannt ginn, mee et gëtt bericht, datt 50 Leit pro Woch solle festgeholl ginn. Et wier e Pilotprojet vun engem Joer an d’Zuel géing variéieren, esou d’Regierung.

Mei wéi 25.000 Leit sinn dëst Joer well iwwer den Äermelkanal a Groussbritannie komm. Dat si ronn 49 Prozent méi wéi zum selwechten Zäitpunkt d‘lescht Joer. Deemno kléngt d‘Ofkommes éischter wéi e symbolesche Schratt an der Kooperatioun tëschent Frankräich a Groussbritannien. Et bleift ofzewaarden, ob d‘Zuel vun den Deportatioune klëmmt, a wéi et nom Pilotprojet virugeet.

Keir Starmer ënner Drock

Déi konservativ Oppositioun seet, d‘Ofkommes wier net ofschreckend genuch, wärend ONGe kritiséieren, datt Groussbritannie Migranten aspäert an deportéiert, ouni hir Asylufroen ze consideréieren.

De Problem vun de ‘small boats’ ass zemools an de leschte Jore vill diskutéiert ginn. De Premier Keir Starmer steet immens ënner Drock, och well déi rietspopulistesch Partei Reform UK ëmmer méi beléift gëtt. Dëse Weekend hu rietsradikal Gruppen erëm zu Protester viru Flüchtlingszenteren a verschiddene Stied opgeruff.

 

play_arrow Lauschteren