Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Opstelle vum Budget stellt Frankräich virun déi nächst Schwieregkeeten

Frankräich

D'Opstelle vum Budget stellt Frankräich virun déi nächst Schwieregkeeten

Lescht Woch hat de franséische Senat gréng Luucht fir de Budget ginn, mee dës Woch muss eng speziell Kommissioun e Kompromëss fannen, deen et och duerch d’Assemblée Nationale packt. Keng einfach Aufgab fir d’Regierung, déi ënner Drock steet. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Assemblée nationale | © picture alliance / | Daniel Kalker play_arrow
Assemblée nationale (Foto: picture alliance / | Daniel Kalker)

Gëschter um Sonndeg war d’Ministerin vun de Comptes publics, d’Amélie de Montchalin, Invitée op BFMTV a sot déi Versioun vum Budget, déi et duerch de Senat gepackt hätt, wier zwar gutt fir den Defizit ze reduzéieren, mee et wier kee Kompromëss, deen an der Assemblée eng Majoritéit kéint fannen.

Dofir wäert en Donneschdeg eng speziell Commission mixte paritaire, bestoend aus 7 Senateuren a 7 Deputéiert, zesummekommen, fir e Kompromëss auszeschaffen. Et sollt weder de Budget vun der Gauche, der Droite oder der Mëtt sinn, sou d’Montchalin, mee dee vum Land.

7 Stonnen am Joer gratis schaffen?

Nächst Woch kënnt de Budget an d’Assemblée, wou och nees d’Gefor vun engem Mësstrauensvott iwwer der Regierung hänkt, sollt et hei keen Accord ginn an de Premier François Bayrou Gebrauch vum Artikel 49.3 maachen. Dat, sou de Bayrou am Dezember, géing hie just bei engem komplette Stëllstand maachen.

De Sozialistechef Olivier Faure sot gëschter um Sonndegowend op BFMTV, den aktuelle Budget hätt nach ze vill Mesuren, déi d’rout Linne vu senger Partei iwwerschreiden. Sollt et dobäi bléiwe géing een e Mësstrauensvott matstëmmen. Ënner anerem kritiséiert de Faure d’Sträiche vu 4.000 Plazen am Enseignement an och d’Propos, all Joer 7 Stonne gratis ze schaffen, fir d’Sécurité sociale ze finanzéieren. Nach wier een awer prett een Accord ze fannen, sou den Olivier Faure.

Lauschterenplay_arrow