Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Hansen: “Et war net mäi Calcul, fir mat an d’Europawalen ze goen"

Europawalen 2024

Christophe Hansen: “Et war net mäi Calcul, fir mat an d’Europawalen ze goen"

​​​​​​​De Christophe Hansen wäert als designéierten nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär bei den nächsten Europawale kandidéieren. Dat seet den CSV-Politiker, deen eréischt am Oktober zejoert an d’Lëtzebuerger Chamber gewielt gi war.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Platzt dem CSV-Politiker säin Dram vum EU-Kommissär wéinst der Spëtzekandidatur vum Nicolas Schmit? (Foto: Chris Zeien)

Huet hien also de leschte Summer aus dem Europaparlament demissionéiert fir sech ee Joer drop nees zeréck dohinner wielen ze loossen?

„Dat war effektiv net mäi Calcul. Wann Der mech virum 12. November gefrot hätt, gitt Der mat an d'Europawalen, hätt ech Iech ganz kloer ‚Nee‘ gesot.“

Hie wier awer vum Luc Frieden gefrot ginn fir déi Responsabilitéit am Numm vun der neier Regierung ze iwwerhuelen a wéilt sech dofir elo déi néideg Legitimatioun bei de Wieler siche goen.

„An ech mengen dat huet och den Nicolas Schmit 2019 och esou gesot a gemeet.“

Weider Onkloerheet iwwer Kandidatur vum Nicolas Schmit

Ob den Nicolas Schmit 2024 op der LSAP-Lëscht kandidéiert, ass jo nach net kloer. Hie wollt dat de leschte Freideg hei op der Antenn weder zousoen nach ausschléissen.

Wat wier wann déi Europäesch Sozialiste géifen als stäerkste Kraaft aus den nächsten Europawalen ervirgoen? Déi schwaarz-blo Koalitioun géif sech - de Fall gesat, dat wier eng Méiglechkeet - net géint e Kommissiounspresident Nicolas Schmit stellen. An deem Zenario géif wuel eng Léisung spillen, wéi déi, déi an Däitschland virgesinn ass, sou den CSV-Politiker.

„Am däitsche Koalitiounsaccord steet ganz kloer dran, wann d'Ursula von der Leyen - an hir Partei (d’CDU) ass jo och an der Oppositioun - géif Kommissiounspresidentin ginn, géif déi däitsch Regierung si ënnerstëtzen.“