Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Table ronde: Danielle Filbig, Fernand Kartheiser, Joe Thein an Athanase Popov

Europawalen 2024

Table ronde: Danielle Filbig, Fernand Kartheiser, Joe Thein an Athanase Popov

Migratioun war de Sujet vun enger Table ronde haut de Muergen hei um Radio 100,7. Am Virfeld vun den Europawalen hu Kandidate vu 4 Lëschten doriwwer diskutéiert: d’Danielle Filbig vun der LSAP, de Fernand Kartheiser vun der ADR, den Athanase Popov vun der Lëscht “Zesummen-d’Bréck” an de Joe Thein vun déi Konservativ.

auto_stories

2 min

V. l. n. r.: Danielle Filbig, Fernand Kartheiser, Joe Thein an Athanase Popov. (Foto: Chris Zeien)

Un de Joe Thein war et d’Fro, wat (aus der Siicht vun engem Flüchtling) verkéiert drun ass, an en anert Land wëllen ze goen, fir sech do e bessert Liewen opzebauen.

Mat „legaler Migratioun“ hätt seng Partei kee Probleem, sou de Joé Thein vun déi Konservativ, Kandidat vun déi Konservativ bei den Europawalen den 9. Juni.

ADR: Zesummenaarbecht mat ECR, méiglecherweis och mat der ID

Wann de Fernand Kartheiser sollt an d’Europaparlament gewielt ginn, géif hie sech do der ECR-Fraktioun uschléissen, deem europäesche Parteieverbond, deem seng Partei d’ADR och elo schonn ugehéiert. Hie géif dat och “ouni Bauchwéi” maachen, sot de Fernand Kartheiser de Freideg Moien am Kader vun enger Table ronde hei op der Antenn.

Hien huet preziséiert, datt souguer Parteie wéi déi polnesch PIS, an no de Wale méiglecherweis och déi ungaresch Fidesz (vum Viktor Orban) mat an där ECR sinn.

Eng méiglech méi breet Allianz op der extrème-droite mat der ID-Fraktioun (vum Rassemblement national) schléisst de Fernand Kartheiser net aus. Datt d‘AfD elo net méi Member vun där Fraktioun ass, géif „a verschiddener Hisiicht eng méiglech Zesummenaarbecht“ erliichteren. Hien hätt keng Brandmaueren „weder no riets, nach no lénks“ an eng méiglech Zesummenaarbecht géif hien ëmmer vum Inhalt vun der Politik ofhängeg maachen.


De Fernand Kartheiser war ee vun 4 Invitéën, de Freideg de Moien an enger Table ronde iwwer d’Thema Migratioun. Mat him hunn diskutéiert: d’Danielle Filbig vun der LSAP, de Joe Thein vun déi Konservativ an den Athanase Popov vun der Lëscht Zesummen-d’Bréck.