Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Ursula vun der Leyen feelt et u Fraen

NEI EU-KOMMISSIOUN

Der Ursula vun der Leyen feelt et u Fraen

Enn der Woch leeft d’Deadline of: 22 Länner hunn hir Nimm bei der Kommissiounscheffin eraginn. 16 dovun si männlech Kandidaten. Déi nei Kommissioun riskéiert also wäit dovun ewech sinn, d’Egalitéit tëschent de Geschlechter ze respektéieren.

auto_stories

3 min

Ursula von der Leyen | © European Parliament
Foto: European Parliament

D'Ursula von der Leyen huet ee Fraen- oder ee Männerproblem - jee nodeem wéi een et dréit.

Et feele just nach fënnef Nimm op der Lëscht vun de Kandidaten a Kandidatinnen - an et sti bis elo just sechs Nimm vu Fraen do drop, d'Kommissiounscheffin inclus.

Kee Land huet zwee Nimm proposéiert

Keen eenzegt Land huet sech un hir Demande gehalen zwou Persounen - also ee Mann an eng Fra - als nei Membere vun der Kommissioun ze proposéieren.

Och Lëtzebuerg net. Et wier penibel, fir deen, deen net zeréckbehale gëtt, an et wier un der Regierung eng Persoun ze proposéieren, an net un der Kommissioun, sech een erauszesichen, hat de Premier eis esou erkläert an:

“Duerfir huet d'Madamm von der Leyen scho verstanen, datt bis elo kee Premierminister ëffentlech zwee Kandidate proposéiert huet, a mir maachen dat wéi déi aner Länner och.”

2019 huet d'Ursula von der Leyen vill Wäert op Chancëgläichheet geluecht

Ob d'Ursula von der Leyen effektiv vill Versteesdemech fir dat Behuelen opbréngt ass net sécher. Als éischt Fra un der Spëtzt vun der Kommissioun hat si schonn 2019 vill Wäert op Chancëgläichheet geluecht.

Och deemools hat si zwee Nimm vun de Länner gefrot. Just zwee Länner, Rumänien a Portugal hate sech dru gehalen. Wat net esou schlëmm war, well um Enn 13 Fraen a 14 Männer op der Lëscht stoungen, déi d'Ursula von der Leyen alleguerten akzeptéiert huet.

Erauskoum eng Kommissioun mat esou ville Frae wéi nach ni virdrun.

Aktuell steet et 16 Männer zu 6 Fraen

Dës Kéier awer gesäit et ganz anescht aus.

Den Ament feele just nach d'Nominatiounen aus der Belsch, Portugal, Bulgarien, Dänemark an Italien. Bei op d'mannst zwee vun deene Länner si bis elo och just Männer am Gespréich. Um Enn kéinten also duebel esou vill Männer wéi Frae genannt sinn.

Mécht d’Ursula von der Leyen een zweeten Appell?

D'Fro ass, wat geschitt dann?

“Wann d’Memberlänner net genuch weiblech Kommissäre proposéieren, wäert ech net zécken, nei Nimm ze froen.”

Dat hat d'Ursula von der Leyen 2019 gesot. Onkloer ass, ob si dës Kéier wierklech wéilt nei Nimm froen?

Si selwer huet sech bis elo net dozou geäussert. Och net hir Spriecher, déi zu Bréissel ëmmer nees dozou befrot goufen.

Wéi vill Drock kënnt vum Europaparlament?

Oppositioun ass am Fall vun enger staark männlech dominéierter Kommissiouns-Ekipp wuel vum Europaparlament ze erwaarden.

D'Kandidaten a Kandidatinne mussen do, genee wéi déi ganz Ekipp, guttgeheescht ginn. Theoreetesch kéint do de Chancëgläichheets-Hiewel ugesat ginn - allerdéngs gëtt dat net einfach. Bis elo appelléieren Europadeputéiert un déi national Regierungen hire Choix ze iwwerdenken.

Wéi vill Drock aus dem Parlament kënnt, muss sech dann an den nächste Woche weisen.

Aktualitéit
Europa
Europawalen