Radioen

On air

Notturno  |  Quickly, Quickly - Natural Form

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Majoritéit am EU-Parlament: D’Ursula von der Leyen muss sech tommelen

Nom EU-Sommet

Majoritéit am EU-Parlament: D’Ursula von der Leyen muss sech tommelen

Déi aktuell Kommissiounspresidentin muss dofir suergen, datt si genuch Stëmmen am Europaparlament zesummekritt, fir een zweet Mandat kënnen unzefänken. De Vott ass fir den 18. Juli ugesat, deemno bleiwe fir d’Ursula von der Leyen just eppes iwwer zwou Wochen Zäit, fir fir hire Programm Reklamm ze maachen.

auto_stories

2 min

Ursula von der Leyen | © European Union
Foto: European Parliament

Et wier eng gutt Reunioun gewiescht, esou de kuerze Commentaire gëschter vun der CDU-Politikerin, éier si um 6. Stack am Europaparlamentsgebai zu Bréissel an de Lift verschwonnen ass. 

Eppes iwwer eng Stonn laang hat si do de Cheffe vun de politesche Fraktiounen hir grouss Prioritéite presentéiert.

Et war interessant, sot duerno d’Iratxe Garcia Perez, d’Cheffin vun der Fraktioun vun de Sozialisten: "D’Musek kléngt OK, mee mir mussen elo an den Detail goen"

Gréng wëllen Deel vu grousser Koalitioun sinn

D’Kommissiounscheffin hätt sech zum Green Deal fir de Klimaschutz bekannt, esou de Commentaire vum Grénge Chef Bas Eickhout.

"Dat huet eis natierlech gefreet“, esou den Hollänner. D’Ursula von der Leyen hätt och kloer gemaach, dat si eng stabel Majoritéit wielt. An dofir, bräicht si déi Gréng.

"Wa si Stëmme bei rietse Gruppen akeeft, riskéiert si der bei deenen aneren ze verléieren. Menger Rechnung no ass deemno eng stabil Majoritéit just mat deene Grénge méiglech." 

Elo verhandelt déi däitsch CDU-Politikerin eenzel mat de Fraktiounen. De Vott am Parlament ass fir den 18.  Juli ugesat.

"D‘Zäit ass knapps, mir hu just 2 Wochen, do bleift vill ze dinn", esou nach de Grénge Bas Eickhout. 

Vill Revirementer um rietse Bord

Entretemps bleift um rietse Bord villes onkloer.

Den ungaresche Premier Viktor Orban huet d’Formatioun vun engem neie Grupp annoncéiert - mat u Bord ënner anerem den Europadeputéierte vu senger Fidesz-Partei an deene vun der éisträichescher FPÖ.

Déi däitsch riets-extreem AFD wier do net mat vun der Partie - onkloer ass, ob et zu enger Fusioun mat der Fraktioun “Identitéit an Demokratie” kéint kommen. Dee gréissten nationale Grupp doran - nämlech d’Vertrieder vun der Marine le Pen hirem Rassemblement National - géife gäre bis nom zweeten Tour vun de Walen a Frankräich ofwaarden, éier Decisioune geholl ginn.

Fernand Kartheiser bleift am ECR

De Lëtzebuerger Europadeputéierte vun der ADR - de Fernand Kartheiser, huet eegenen Aussoen no iwweregens wëlles am Grupp vun den Europäesche Konservativen a Reformer ze bleiwen. 

Déi haten déi lescht Woch hir konstitutiv Sitzung verluecht, well sech d’Membere vun der italieenescher Fratelli d’Italia an déi vun der polnescher Pis-Partei net eens waren iwwer déi intern Posteverdeelung. 

Den ECR-Vertrieder huet gëschter am Parlament no der Reunioun mat der Ursula von der Leyen vun enger "gudder Diskussioun" geschwat. Méi kéint hien net soen, esou de Flamänner Geert Bourgois. Doriwwer, wéi et a sengem Group virugeet, wollt hien näischt verroden. 

Aktualitéit
Europa
Europawalen