Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Der Assistent - Klinik Unter Palmen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christophe Hansen oder Nicolas Schmit: De Premier schéngt zeréckzerudderen

EU-Kommissioun

Christophe Hansen oder Nicolas Schmit: De Premier schéngt zeréckzerudderen

Gëtt de Christophe Hansen oder den Nicolas Schmit EU-Kommissär. Mat där Fro gouf sech an der aussepolitescher Chamberkommissioun befaasst. Och de Premier Luc Frieden war an där Kommissioun dobäi an schéngt der Oppositioun no zeréckzerudderen.

auto_stories

2 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel

Fir de Franz Fayot hätt sech de Premier haut méi virsiichteg ausgedréckt wéi an der Lescht. Et géifen nach vill aner Facteure matspillen. De Premier hätt do “bësse sou ronderëm geéiert.”

Franz Fayot: Decisioun läit net eleng an den Hänn vun der Regierung

Dem LSAP-Deputéierten no géif  d‘Decisioun, wat de lëtzebuergeschen EU-Kommissär ugeet, op alle Fall net eleng an den Hänn vun eiser Regierung leien.

An och d’Sam Tanson vun déi gréng huet fonnt, datt d’Positioun vum Premier déi lescht Deeg an haut vill manner affirmativ war.

“Déi lescht Kéier war eng Paritéit gefrot ginn, bei de Propose vun de Länner. Dat heescht, datt e Mann an eng Fra sollte virgeschloe ginn, wat d’Saach jo an dësem Fall nach géif e bësse méi komplizéiert maache fir de Premierminister.”

Luc Frieden: Et muss een ofweien

De Luc Frieden selwer huet vu verschiddenen Etappe geschwat, vun deenen déi éischt nach net geholl wier. De Wonsch vum däitsche Kanzler Olaf Scholz, den Nicolas Schmit als Kommissär ze behalen, hätt hien zur Kenntnis geholl.

“Ech stellen awer och fest, dass d’Sozialisten den Här Costa proposéiert hu fir de Conseil. Si hunn net en Anere proposéiert, och net fir den Haut Représentant. Et ginn also ganz vill Saachen, déi do matspillen, an dat muss een an deenen nächste Woche mat rouegem Kapp nolauschteren.”

Et misst een ofweien an dann eréischt eng Decisioun huelen.

Christophe Hansen: Kee Wäert ze spekuléieren

D’Lëtzebuerger Regierung géif eng Propos maachen, mee dat bräicht seng Zäit, sou de Premierminister.

An och fir de Christophe Hansen, Kandidat fir den EU-Kommissärsposten, gëtt et zu där Fro näischt Neies ze soen. Elo misst d’Kommissiounspresidentin déi néideg Majoritéit kréien a wäert dann déi verschidde Memberstaate kontaktéieren. Fir de Christophe Hansen hätt et kee Wäert ze spekuléieren.

Aktualitéit
Europa
Europawalen